D´Jugend

De Jugendensembel MUKEME ass am Joer 2023 gegrënnt ginn a bitt de Kanner déi perfekt Geleeënheet, éischt Erfarungen ze sammelen an an engem klenge Grupp zesummen ze spillen.

Ënnert der Leedung vum Anouck Schintgen kënnen déi jonk Musikantinnen a Musikanten hei net nëmmen hir musikalësch Fäegkeete weiderentwéckelen, mee och vill Spaass erliewen.

Viraussetzungen

Fir am Jugendensembel MUKEME kënne matzespillen, sollten d’Kanner mindestens zwee Joer Cours mat hirem Instrument hannert sech hunn an d’Grondkenntnisser beherrschen.

Prouwen an Optrëtter

D’Prouwe fanne samschdes vun 10.30 bis 11.30 statt, awer net all Woch. Wärend dem Joer organiséiert den Ensembel tëscht 2 a 4 Concerten, déi sech op eng Hierschtsaison an eng Fréijoer- /Summersaison verdeelen. Iwwert de Wanter gëtt et eng Paus vun zwee Méint. Wann e Concert bevirsteet, kréien d’Kanner an d’Elteren ee bis zwee Méint am Viraus en detailléierte Prouweplang mat den Datumer vun de Prouwen.

Maach mat an erlief d’Freed um gemeinsame Musizéieren am Jugendensembel MUKEME!

Gala Concert 2026