D’Musek Keespelt-Meespelt besteet momentan aus ca. 50 aktive Musikantinnen a Musikanten, déi sech an 9 Regëster opdeelen. Säit September 2025 gëtt d’Musek dirigéiert vum Raoul Christophe als Interim.
Eis Proufzäiten: Dënschdes 20:00 – 21:30 Auer


Dirigent
De Raoul Christophe huet matt 8 Joer an der UGDA Museksschoul zu Leideleng mam Solfège a Bügel ugefaang, ier hien dann an de Stater Conservatoire gewiesselt ass. Hei huet hien nieft der Trompett och Piano-, Kammermusek-, Solfège an Harmoniekuere beluecht. Nom 1. Präis an der Trompetteklass vum Charel Consbruck wiesselt de Raoul Christophe an de Conservatoire vu Boulogne-Billancourt (Paräis) bei de Fréderic Presle wou hien 2001 säin Ofschloss „d’Médaille d’Or“ mécht. Zäitgläich absolvéiert de Raoul säi „Prix Supérieur“ an der Klass vum Roman Zaremba am Stater Conservatoire. No puer Joer op der Musekshéichschoul zu Freiburg im Breisgau an de Klasse vum Anthony Plog an Ewald Antoni gëtt de Raoul 2005 Member vun der Lëtzebuerger Militärmusek. 2018 iwwerhëlt hien d’Direktioun vun der Big Band vun der Militärmusek vum Ernie Hammes.
Donieft ass de Raoul Christophe Trompettist an der Leidelenger Musek, bei der Providers Coverband, am Luxembourg Jazz Orchestra, am Olio Galanti Zilvester Orchester, Pianist bei AudioChill an huet vun 2013 bis 2023 d’Big Band Opus 78 geleet. 2022 konnt hie mat Opus 78 den europäesche Big Band Concours, organiséiert vun der UGDA, gewannen an d’Big Band ass dat selwecht Joer vum Ministère de la Culture mam Nationale Musekspräiss ausgezeechent gin.
Nieft Workshops a Concerte mat Gréisste wéi ënnert Aneren dem Paul Anka, Ole Edvard Antonsen, Patti Austin, Michel Camillo, Frank Chastenier, Felice Civitareale, Candy Dulfer, Pierre Dutot, Jon Faddis, Andy Haderer, Slide Hampton, Jon Lord, Arturo Sandoval an Helge Schneider wierkt de Raoul Christophe och reegelméisseg un diversen CD-Opnamen a -Produktioune matt.

© Eric Engel









