Mir bréngen Iech Sonndes Mëttes, den 20. Dezember, Chrëschtstëmmung bis virun Är Hausdier. Zesummen mat eiser Jugend fuere mir mam Fire&Eyes Bus duerch d’Duerf a spille Chrëschtlidder.
Schréift eis gären ee kuerze Message iwwer de Kontaktformular hei drënner, wann dir wëllt sécher goen dass mir och bei Iech Halt maachen.
Mir wënschen scho schéi Feierdeeg am Viraus!
D’Musek Keespelt-Meespelt mat hierem Jugendensembel

